Zënter 20 Joer am Geschäft

21. November 2019

Zënter 20 Joer am Geschäft: Ob en Haus oder en Appartement, et geet och ëm d‘Vertrauen!

SERIÉIS BERODUNG AN ENG PERSÉINLECH BETREIUNG, DAT SINN D‘ATOUTE VUN DER IMMOBILIÈRE BIEWER & SPAUTZ.

Logement a Lëtzebuerg an engem Saz ze nennen, geet oft anhier mat „Kris“. Dat muss net sinn an et gëtt tatsächlech déi Spezialisten, wou de Client net nëmme gutt opgehuewen ass, mee vum Projet bis zur Realisatioun begleet gëtt. Esou bei der Immobilière Biewer & Spautz Sàrl zu Jonglënster.

Vir sech e bessert Bild maachen ze kënnen, ass e kuerze Réckbléck sënnvoll. Alles huet säin Ursprong am Joer 1999, wou d‘Gaby Biewer nach Firme beroden huet, déi sech zu Lëtzebuerg néierloosse wollten. Déi hunn natierlech och e Sëtz gebraucht a vun do aus bis zur Immobilière war et dann och kee wäite Wee. Eng duebel Belaaschtung war dogéint net ubruecht an esou ass sech op de Wunnengsmaart konzentréiert ginn.

Och dat konnt d‘Geschäftsfra eleng net laang meeschteren, an esou ass déi kleng Entreprise zügeg gewuess. Eng zweet Damm huet am Büro ënnert d’Ärem gegraff, eng aner Damm huet déi administrativ Aarbechten iwwerholl. Mat Éierlechkeet a Kompetenz konnten si eng Renommée opbauen, déi si bis haut gutt ze verdeedege verstinn. E Fait, dee vun hire Clienten och Jore méi spéit esou nach bestätegt gëtt.

Virun zwee Joer ass aus der Immobilière Gaby Biewer, dann déi nei Societéit „Immobilière Biewer & Spautz“ entstanen. Och dofir gouf ee gudde Grond: de Pit, Fils vum Gaby Biewer, huet zu Wien Architektur studéiert, ass 2016 an d‘Entreprise agegliddert ginn, wat sech als zimlech gutt Iddi bewäerte sollt. Dem Pit seng Fachkenntnesser an dem Gaby seng Erfarung hunn zesummewuesse gelooss, wat zesummegehéiert. D’Firma iwwerhëlt de Pit Spautz an zweeter Generatioun.

SECH UN D‘REALITÉITEN HALEN

Zum Ëmfang vun der Offerte, gehéieren nieft der Vente vun Haiser an Appartementer, och grouss Projeten, mee da gëtt sech ëmmer mat entspriechend kompetente Partner zesummegedoen. Hiert Haaptgeschäft ass awer dem Client zum Haus oder Appartement ze verhëllefen oder et ze verkafen, wat och iwwert hir Regioun, den Oste vum Land, erausgeet. No elo gutt 20 Joer kann een dem Gaby Biewer a Pit Spautz dann hei och keng virmaachen. A spéitstens bei der Berodung huet e séier d‘Gewëssheet, datt deem och esou ass.

Sech dem Client perséinlech Zouwennen, iwwer d‘Virdeeler an d‘Nodeeler vun engem Objet ze informéieren an hie wärend der ganzer Prozedur ze begleeden, dat sinn nieft der Lëtzebuerger Sprooch déi wichtegst Atouten. De Präis, jo de Präis riicht sech nom Maart, woubäi d‘Immobilière Biewer & Spautz weder de Verkeefer vum Objet, nach de potentielle Keefer géintenaner ausspillt. Mënschlechkeet ass och an dësem Secteur vu grousser Bedeitung a gëtt natierlech och an Zukunft kontinuéierlech vum Pit ëmgesat.

Souwuel bei der Locatioun, wéi och bei der Vente geet et nees ëm eng kompetent Berodung, vill Mënschekenntnis an natierlech ëm e Präis, deen der Realitéit entsprécht. Bei all Schrëtt stinn engem d’Gaby an de Pit mat Erfarung a Gedold zur Säit, sou datt d’Vente vun Äre véier Wänn esou angenehm, wéi nëmme méiglech ofleeft. A genau dës positiv Aspekter wäerten an der zweeter Generatioun staark weider vertruede ginn.

An e leschten Detail sollt een net zréckhalen: D‘Immobilière Biewer & Spautz ass, zënter d‘Gaby Biewer sech 1999 installéiert huet, ëmmer op der selwechter Plaz verbliwwen. Dobäi konnt och hei d’Fläch u Büroen vergréissert ginn, esou datt d’Ekipp elo op zwou Etagen verdeelt ass. Et gëtt ëmmer Kloertext geschwat, firwat et och kee Feeler ass si beim Akt derbäi ze hunn. Wéi ee gesäit: „gutt“ kënnen der vill, „exzellent“ awer nëmmen déi Bescht.

Dir fannt eis och op Instagram a Facebook.
____
Artikel vum 19.11.2019 - op moien.lu vum Shari Pleimling
https://moien.lu/immobiliere-biewer-a-spautz

By clicking on "I agree", you authorize the use of cookies to ensure you get the best experience on this website.

Erfahren Sie mehr I agree